top of page
bb_header3.png

Wiseféierung

bb6 copy.png
bb_insect.png

Donneschdeg, 11. Juni, 14.30 – 17.00
Centre Écologique, 12, Parc, Hosingen

Entdeckt di faarweg Welt vun der Wiss!

Kommt mat eis op eng spannend Entdeckungsrees an di wëll Wiss! Hei gëtt et vill méi wéi just gréngt Gras: faarweg Blumme, summend Beien, flénk Heesprénger a vill aner Insekten. Hei kanns du mat all denge Sënner d’Wiss erliewen, kucken, lauschteren, richen, fillen an esouguer schmaachen!

Léier spilleresch d’Planzen an Déiere kennen an gëff zum echte Wisenentdecker. Eng flott Aventure fir kleng Naturfuerscher.

Fir Kanner tëscht 6 an 12 Joer. D’Unzuel vun de Participanten ass begrenzt. Umeldeschluss ass den 8. Juni.

Infos

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png

Organisator(en): Naturpark Our (www.naturpark-our.lu)

Kontakt: Myriam Zimmer, 90 81 88-1, ouriteam@naturpark-our.lu

bb_footer2.png
bottom of page