top of page
bb_header3.png
bug800.png
bblogo800px.jpg

05. Mee – 12. Juni 2026

De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB) organiséiert dëst Joer, a Kollaboratioun mat senge Partner-Organisatiounen, déi Fënneft Editioun vun de „B&B Action Weeks“, den Aktiounswoche ronderëm bestëbsend Insekten. Dës Aktiounswoche schreiwen sech an den Enn 2021 vun der Regierung verëffentlechten nationalen Aktiounsplang fir bestëbsend Insekten an, a bidden eng optimal Geleeënheet, bei Excursiounen a Workshops déi faszinéierend Welt vun de bestëbsenden Insekten ze entdecken. Doriwwer eraus gëtt ee gewuer, wéi mer eis Bestëbser schützen a fërdere kennen.

bb6 copy.png
bb3.png
pimpampel800.png


einfach Aktioune fir d'Bestëbser

Jidderee kann déi eng oder aner Klengegkeet fir d'Bestëbserinsekte maachen. Hei drënner fannt Dir fënnef einfach Aktiounen déi Dir direkt ëmsetze kënnt.

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png
action 1

Planzt méi Blummen,

Sträich a Beem

 

Planzt méi Blummen, Sträich a Beem, fir d‘ganzt Joer iwwer Nektar a Pollen als Fudder fir Beien an aner Bestëbser unzebidden. Zum Beispill Weeden, Primmelen a Krokussen am Fréijoer; Lavendel, Wise-Stuerkeschniewel a Margréidercher am Summer; Wantergréng a Borretsch am Hierscht, oder Moukeprabbeli (Petasites) a Chrëschtrous (Helleborus) am Wanter.

 

Mir brauchen einfach méi Pollen- an Nektar-räich Planzen an eise Gäert, op de Balconen, op de Bauerenhäff an an der Landschaft ronderëm eis Haiser an an eise Stied a Gemengen.

action 2

Loosst e wéineg Plaz fir déi méi wëll Natur

Loosst op e puer Plazen Brennnesselen a Pissblumme wuessen, fir weider Fudderquellen (z. B. Blieder fir d‘Raupen) a Brutplaze fir Päiperléken ze schafen.

Als Landbewirtschafter a private Gäertner kënnt dir einfach Schrëtt ënnerhuelen, fir är Flächen, Gréngflächen a Gäert esou ze bewirtschaften, datt Fudderquellen an/oder Brutplaze fir Bestëbserinsekten ze fanne sinn. 

Méint äre Wues manner oft, fir datt d’Planze bléie kënnen. Méint en Deel just 2 Mol am Joer (Enn Juni an am Wanter), sou entsteet ouni Opwand an Aarbecht mat der Zäit eng Wëllblummewiss.

 

Bléieplanzen vun heiheem am Wues, op de Ränner vun de Felder, um Randsträifen oder an enger geséinter Wëllblummewiss ënnerstëtzen eng Vielfalt vu Bestëbserinsekten, andeems se Nektar- a Pollequellen oder Brutplaz sinn, a Blieder fir d’Raupen ubidden. Dofir ass et wichteg de Soin vun dëse Plazen richteg ze maachen.

Méint d’Gras manner oft

action 3
bb_insect_hotel.png

Vermeit et fir Insekten déi nisten oder iwwerwanteren ze stéieren oder futti ze maachen, z. B. am Gras, op oppene Sandflächen, an Hecken, Beem, doudegem Holz oder Maueren. 

 

Et muss net just sécher gestallt ginn, datt dat ganzt Joer iwwer genuch Fudder fir d’Bestëbserinsekten do ass, mee och datt si a Sécherheet kënne nisten - a fir datt déi nächst Generatioun de Wanter iwwerlieft, fir d’Fréijoer drop kënne nei ze starten.

Stéiert d’Insekten net an hirem Nascht oder hirer Iwwerwanterungsplaz 

action 4
action 5

Am Private sollt Dir chemesch Pestiziden komplett ewech loossen. Et gi biologesch Alternativen déi net gëfteg fir d‘Bestëbserinsekte sinn. An der grousser Majoritéit vu Fäll gëtt am Privaten just en optesche Problem bekämpft, an hei musse mir e wéineg Toleranz üben, wa mir d'Insekte net wëllen ëmbréngen.

 

Am beruffleche Beräich sollt Dir iwwerleeën, wéi eng Methoden fir Är Situatioun gëeegent sinn an nëmmen Pestiziden benotzen wann et absolut néideg ass. Setzt den Accent op den Integréierte Planzeschutz, a kuckt ob et méiglech wär op d'Biolandwirtschaft ze wiesselen.

Vergëft d'Natur net

Partner a Projeten

Partenaires

Dëst Joer wäert de Fokus erëm op de Projeten vun de Partner-Organisatiounen leien. Dës Projeten ginn iwwert den Ëmweltschutzfong vum MECB gefërdert. Et handelt sech ëm Projeten déi am Kader vun den 2022 an 2023 initiéierten Ausschreiwungen „Bestëbser“ agereecht goufen, sou wéi dem Groussprojet an eisen Naturparken.

04partenaires-08.png
Calendrier

Kalenner

vum 16. bis de 24. Mee, tëscht 14:00 an 16:00 Auer

Méi wéi Beien! Ziel mat!

/

vum 05.05. bis den 13.06.

Basis-Insektekurs

6 Webinairen an 2 Exkursiounen

Dënschdeg, 19. Mee, 17:30 – 19:00

Spadséiergang: d'Stadnatur zu Gréiwemaacher

Maacher Lycée, 18, rue de Münschecker, Gréiwemaacher

Dënschdes, 26. Mee, 14.00-17.00

Aféierung an d’Welt vun den Insekten

12, rue de Capellen, L-8393 Olm

20.05. - 13.06.

Maacht mat! – Aktioun Päiperlek

/

Donneschdeg, 4. Juni 2026, 16:00–18:00

LUPoMS-Tag

Samschden, 6. Juni, 13.30-15.30

Fudder fir Beien & Co.: Wëllplanzen am Mëttelpunkt

Atelier technique SICONA Kehlen – Geoportail 

Donneschdeg, 11. Juni, 14.30 – 17.00

Wiseféierung

naturpark-our.lu

Centre Écologique, 12, Parc, Hosingen

Samschdeg, 13. Juni, 14:00–16:00

Vun Brachen an Insekten

Rippig. Le lieu de rendez-vous exact vous sera communiqué avant l’événement.

Donneschdeg, 18. Juni, 14.30-17.00

Originell Zaunhocker: aus Insektenhaisercher gëtt Konscht

Centre Écologique, 12, Parc, Hosingen

Donneschdeg, 11.06 – Sonndeg, 14.06

BeeDays au Dreamland

Dreamland Creative Space, 9, Grand-Rue, L-9530 Wiltz

Samschdeg, 20. Juni, 09.00-13.30

Den Ëmgang mat der Sens

Beaufort Härewiss, 2 Rue de l'Église, 6315 Beaufort

Mëttwoch, 21. Juni, 14:00-16:00

Päiperleken, Beien a Schwiefmécken, ween bestëbst eis Planzen?

Parking en face de l’église, Burgaass, Gostingen

Logo_PlanPollinisateurs_web.png.webp

Fir méi Informatiounen iwwert de „Bestëbser Plang“

besicht de Site

bottom of page