top of page
bb_d3.png
04partenaires-08.png

Dëst Joer wäert de Fokus erëm op de Projeten vun de Partner-Organisatiounen leien. Dës Projeten ginn iwwert den Ëmweltschutzfong vum MECB gefërdert. Et handelt sec hem Projeten déi am Kader vun den 2022 an 2023 initiéierten Ausschreiwungen „Bestëbser“ agereecht goufen, sou wéi dem Groussprojet an eisen Naturparken.

bb_header3.png

Partner a Projeten

Photo 1_Entretien différencié_Echternach (c) ANF.jpg

ANF

D’Uleeë vu Gäert fir bestëbsend Insekten, déi als Schaugäert dénge sollen

Mat dësem Projet viséiert d’Natur- a Bëschverwaltung (ANF), queesch duerch d’Land „Bestëbsergäert“ anzeriichten.

 

„Bestëbser brauche Gäert mat enger Diversitéit vu Bléieplanzen. Hei ass et wichteg, dass et iwwert d’ganzt Joer Bléie gëtt, déi vun de Bestëbser opgesicht kënne ginn. D’ANF wëll dofir op fënnef verschidde Plazen am Land extra Gäert schafen, déi speziell de Bestëbser zegutt kommen. Dës Gäert sollen och als Inspiratioun dénge fir Privatleit, déi an hirem Gaart eppes fir d’Bestëbser maache wëllen. Duerch hir Strukturvillfalt sollen dës Gäert net nëmmen de Bestëbser en neie Liewensraum ginn, mee och aneren Déieren, vu Mouke bis Hausroutschwanz a Gaardeschléifer… an natierlech eng Rou-Oas fir all Visiteur sinn. Dës Gäert sollen zesumme mat lokale Partneren ënnerhale ginn, esou dass se op laang Siicht eng wichteg Roll spillen, an der Gewan, ewéi och am urbane Raum.“

Guiden fir d’Sensibiliséierung an d’Informatioun vu wichtegen Acteuren

D‘Natur- a Bëschverwaltung (ANF) spillt eng zentral Roll bei der Ëmsetzung vun nationale politeschen Zilsetzungen am Beräich vum Schutz, dem Erhalt, der Restauratioun an der nohalteger Gestioun vun der Natur an den natierleche Ressourcen. Den Nationalen Aktiounsplang fir den Erhalt vun de bestëbsenden Insekten gëtt den Zäitplang an d‘Etappen vun de verschiddene Moossnamen vir, déi fir d‘Bestëbser ëmgesat gi sollen. E gesäit ënnert anerem vir datt eng Rei technesch a „Best practice“ Guiden fir ëffentlech a privat Zilacteuren ausgeschafft ginn. Zil vum Projet vun der ANF ass et Guiden ze entwécklen déi et erméiglechen d’Zilacteuren ze sensibiliséieren an iwwert di verschidde Moossnamen ze informéieren déi si fir d’Fërderung vun de Bestëbser ëmsetze kënnen. Dest kann am Beräich vun der Planung oder bei der Gestioun vun Biotopen an anere Gréngflächen sinn fir datt d’Bestëbser besser berécksiichtegt a geschützt ginn. An deem Zesummenhang wäert d’ANF Guiden ausschaffe loossen fir: - Gestionnairen vum natierleche Raum, fir datt d’Bestëbser besser an d‘Managementprogrammer souwuel am Oppeland wéi och am Bësch matabezu ginn; - Privatentreprisen, fir datt si méiglechst einfach un di néideg Informatioune kommen fir extensiv Gestaltungs- a Pflegemossnamen op hire Gréngflächen ëmzesetzen; - Landschaftsgäertner a Gäertner als Schlësselacteuren, déi selwer zu Multiplicateure kënne ginn, well si net nëmmen Afloss op d’Produzenten mee och op d’Verbraucher hunn! Am Kader vun der Ausaarbechtung vun dëse Guiden fënnt um Ufank eng Ofstëmmungsphase mat den Zilgruppen statt an uschléissend eng Sensibiliséierungscampagne, fir sécherzestellen, datt di Guiden vu méiglechst ville Mënschen ugeholl ginn.

CELL asbl ass eng Biergerbeweegung, déi sech der Fërderung vum Wandel verschriwwen huet an där hire Reseau säit mëttlerweil 10 Joer ekologesch Handlungs- an Denkweisen entwéckelt.

 

„Polynatur“ ass e Projet, dee sech der Erhalung an der Restauratioun vu bestëbsenden Insekten an hiren Ekosystemer widmet, dee vum CELL gedroen an vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ënnerstëtzt gëtt. D’Déngschtleeschtunge vun de Bestëbser sinn absolut noutwendeg fir d’Landwirtschaft an d’Liewensmëttelproduktioun. Fir also dem weltwäiten Insektestierwen entgéintzewierken, huet CELL en dräijäregen Aktiounsprogramm zum Schutz vun de Bestëbser entwéckelt, un deem eng ganz Rei Acteuren aus dem ganze Land bedeelegt sinn:

  • Berodung a Fortbildung ronderëm de Schutz an d’Restauratioun vu Liewensraim innerhalb vu Gemeinschafts-, Eenzel- a Firmegäert: Bamräich Gäert, natierlech an doudeg Hecken, Somen, Praffen, Blummewisen...

  • Partizipativ Fuerschung an Zesummenaarbecht mam Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg an och mat de Bierger, fir d’Wëssen iwwer bestëbsend Insekten ze verdéiwen an ze verbreeden.

  • Bäitrag zum eenheemescht Somennetzwierk duerch d’Produktioun an d’Verdeelung vun eenheemeschem Blummesom

  • Ausschaffe vun engem Best-Practice-Guide fir Gaardenaarbecht zugonschte vun de Bestëbser

CELL

De „Polynatur“-Projet (2023-2025)

capture papillons (c) Cell.jpg
2.Betti_Closeup.jpg

EBL

Mäin éischt Bestëbser-Buch 

Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl (EBL) ass eng onofhängeg, neutral Berodungsorganisatioun am Ëmweltsecteur. Si ass aktiv a verschiddene Beräicher vum Ëmweltschutz, dorënner de Schutz vun der Biodiversitéit.

D‘ „Mäin éischt Bestëbser-Buch“ gëtt am Kader vum Nationale Bestëbserplang publizéiert.
 

Dat illustréiert Geschichtebuch riicht sech u Kanner am Precoce- a Grondschoulalter, souwuel am Schoulëmfeld an an de Betreiungsstrukturen, wéi och an der Famill.

 

D'Kanner sollen esou fréi wéi méiglech mam Thema "Bestëbser", an dem dorausser erfuerderte Verhalen an de Moossnamen a Kontakt kommen. D'Bichelche kombinéiert pedagogesch Léierinhalter mat der Opfuerderung zu konkretem Handelen.

D'Kanner sollen d'Thema vun de Bestëbser kenne léieren, hir Wichtegkeet, déi aktuell Geforen an déi méiglech Léisungen a Moossnamen. Et kann een nëmme schütze wat ee kennt a schätzt. Folgend Froe ginn am Bichelche behandelt: •Wat si Bestëbser? •Wéi eng wichteg Funktiounen hunn se? •Firwat si wëll Bestëbser am Moment a Gefor? •Wéi eng Schutz- an Ënnerstëtzungsmoossname kënnen an der Schoul an am privaten Ëmfeld geholl ginn? D‘ "Mäin éischt Bestëbser-Buch" féiert d'Kanner op 52 Säiten am A5-Format duerch d'Thema mat enger erzielter, dialektescher Geschicht. Kuerz Dialoger tëscht deenen zwee net-mënschlechen Haaptpersonnagë Betti a Litti sinn agebaut. D'Geschicht gëtt flott illustréiert an op d'Richtegkeet an d'Genauegkeet vun de gezeechenten Insekten a Planze gëtt vill Wäert geluecht. D'Illustratioun, mat vill an attraktiven Detailer, ass grad esou wichteg wéi den Text. Am Schoulkontext gëtt d'Buch mat den aktuelle programmateschen Inhalter fachiwwergräifend verknëppt; an de Betreiungsstrukturen a Famillje ginn déi Erwuessen encouragéiert, déi am Buch beschriwwe Moossnamen an Aktiounen zesumme mat de Kanner ëmzesetzen. D' „Mäin éischt Bestëbser-Buch“ ergänzt déi pedagogesch Kanneraktivitéite vun aneren Acteuren am Naturschutzberäich a kann och bei Geleeënheet bei hiren Aktivitéite genotzt ginn. D’Buch kënnt op Lëtzebuergesch eraus, wat ass d’Integratiounssprooch an de Primärschoulen a Betreiungsstrukturen ass. D' „Mäin éischt Bestëbser-Buch“ gëtt ergänzt duerch eng Websäit mat de Kategorien "Wéi? Wou? Wat? Wëssenschaft fir Kanner" - "Kreativ a Bastel-Iddie fir bei d'Buch" - "Buchsäite fir auszemolen", op der Säit www.emweltbuch.lu.

MNHN – Musée national d’histoire naturelle

Fondation_Faune_Flore_Aktionsp läne_Copyright_LoicHellers.jpg

Erhalung vu gefäerdete Bestëbser durch Aartenaktiounspläng

De globale Réckgang vun der Bestëbserdiversitéit gëtt duerch eng ganz Rei Gefäerdungsfaktore verursaacht, virun allem duerch de Wandel an der Landnotzung, awer och duerch Urbaniséierung, Stroossebau, Eutrophikatioun, Insektiziden, invasiv Aarten an de Klimawandel. Geziilt Moossname sinn noutwendeg fir dësen negativen Trend ze stoppen an ëmzedréien. Déi strategesch Naturschutzorganisatioun ass eng gëeegent Method fir dank der Involvéierung vun enger ganzer Rei Decideure geziilte Léisunge fir de Schutz vu bedroten Aarten z’entwéckelen. Aus dësem Grond ass d’Schafung vun Aartenaktiounspläng e wichtege Bestanddeel vum Nationalen Aktiounsplang fir Bestëbser zu Lëtzebuerg. Am virleiende Projet vum Natur Musée an der Fondation Faune-Flore schaffe mir eng national Prioritéitelëscht vun de Bestëbseraarten aus, fir déi Aktiounspläng gebraucht ginn. Dës gëtt op Basis vun de follgende Krittären erstallt: d’Existenz vun engem europäeschen Aktiounsplang, de Status vun der Europäescher Rouder Lëscht, d’Indikatorfunktioun an den aktuellen oder provisoreschen nationale Rout-Lëscht-Status. En zweete Fokus vum Projet ass d’Ëmsetzung vum europäeschen Aktiounsplang fir Beien, déi op Kardegewächser spezialiséiert sinn.

Dësen Aktiounsplang gëtt fir Lëtzebuerg spezifizéiert an et gi prioritär Aktiounen ëmgesat. D’Spezifikatioun fir Lëtzebuerg soll an Zesummenaarbecht mat de wichtegsten Acteuren (Autoritéiten, Naturschutzverbänn, Gemengen, Baueren) duerchgefouert ginn. Déi wichtegst Zilaart fir Lëtzebuerg ass heibäi d’Knautia-Sandbei, Andrena hattorfiana. En drëtt Zil vum Projet ass et, en nationalen Aktiounsplang fir d’Schwiefmécken-Aart Neoascia unifasciata auszeschaffen, déi an Europa kritesch gefäerdet ass a viru Kuerzem zu Lëtzebuerg entdeckt gouf. Dës Spezies erfuerdert grouss Bestänn vun Ieselskraut (Petasites hybridus) an ass bis elo nëmmen un der Äisch bei Käerch nogewise ginn. Prioritär Moossname fir hire Schutz sollen am Kader vum Projet an Zesummenaarbecht mat de Flächennotzer ëmgesat ginn. Fir där ëmmer méi staarker Fragmentatioun vun de Bestëbserhabitaten entgéintzewierken, sollen als véierte Fokus vum Projet sougenannte „Buzzlines“ (Netzwierk vu gëeegente Bestëbserhabitaten) modelléiert ginn. Och en nationalen Aktiounsplang soll ausgeschafft ginn, fir esou e Biotopennetz opzebauen. Dat allgemengt Zil vum Projet ass et, an Zesummenaarbecht mat lokalen Interessevertrieder, de Status vu bedrote Bestëbseraarten ze verbesseren.

BeeKey - Empowering Luxembourg’s wild bee taxonomy and conservation

D’Entwécklung vun effikassen Erhalungsstrategië fir déi biologesch Diversitéit vu Wëllbeien ass a villen europäesche Länner, déi eng nohalteg Entwécklung ustriewen, zu engem wichtegen Uleies ginn. Fir dëst Zil z’erreechen, mussen d’Kapazitéite fir déi ënnerschiddlech Wëllbeienaarten zouverlässeg z’identifizéieren, onbedéngt ausgebaut ginn. Zu Lëtzebuerg liewen ~350 beschriwwe Wëllbeienaarten. Laut de Resultater vun der Europäescher Rouder Lëscht vun Insektentaxonomen ass Lëtzebuerg awer eent vun den europäesche Länner mat der niddregster taxonomescher Kapazitéit fir Hymenoptera. Ausserdeem huet d’Land keng Bestëmmungsschlësselen, déi un déi lokal Wëllbeiefauna ugepasst sinn, an et gi keng laangfristeg Ausbildungsprogrammer a Bildungsariichtunge fir d’Fäegkeete vu jonken Taxonomen z’entwéckelen. An dëser Situatioun besteet Handlungsbedarf fir dësen negativen Trend ëmzekéieren, deen dem Land seng Fäegkeet gefäerdet, den „New Deal for Pollinators“ vun der Europäescher Kommissioun ze erfëllen.

D’Zil vum Projet „beekey“ ass et, oppen zougänglech taxonomesch Tools fir lokal Wëllbeienaarten z’entwéckelen, déi benotzt kënne gi fir lokal Talenter auszebilden a Professioneller an hirer aktueller an zukünfteger Aarbecht z’ënnerstëtzen. Ënnert der Leedung vun der Fondation Faune-Flore an dem Musée national d’histoire naturelle de Luxembourg soll dës Initiativ spezifesch taxonomesch Schlëssele fir d’Wëllbeiefauna vu Lëtzebuerg entwéckelen, souwéi eng Rei vu praktesche Feldguiden, déi sech op déi am einfachsten erkennbar Morphogruppe konzentréieren an d’Referenzmaterial vum lafende Projet „beelibre“ benotzen. Mir wëllen och e berodende Rapport erstellen, deen den aktuelle Stand vun de lokalen Donnéeën iwwer Wëllbeien an d’Ufuerderunge fir eng national Rout Lëscht am Aklang mat der International Union for Conservation of Nature adresséiert. Duerch d’Disponibilitéit vu gratis a quelloppenen taxonomeschen Tools, gëtt dëse Projet zu engem kontinuéierlechen Transfert vun ëmsetzbarem Wëssen tëscht Erhalungsmoossnamen an ënnerstëtzt hir laangfristeg Nohaltegkeet.

Beelibre.lu – Eng Online-Datebank iwwer Wëllbeien zu Lëtzebuerg

Wëllbeie si bestëbsend Insekten, déi souwuel fir Notzplanze wéi och fir wëll Planzen vu fundamentaler Bedeitung sinn. Hir Déngschter fir den Ekosystem ginn op Milliarde vun Euro geschat an hiert Verschwanne kéint irreparabel Schied fir d’Biodiversitéit, d’Planzereproduktioun an d’Liewensmëttelproduktioun bedeiten. Den Erfolleg vun effektiven Erhalungsstrategien hänkt vun eisem Verständnis vun der Taxonomie wéi och vun der Ekologie vun de Beien of. Zu dësem Zweck spillt gutt katalogiséiert Referenzmaterial eng wesentlech Roll.

Am Kader vum Appel à projets zum Theema „Bestëbser“ entwéckelen zoologesch Fuerscher zesumme mat der Fondation Faune Flore an dem Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg eng Open-Access Online-Datebank, fir national Daten iwwer Wëllbeien ze späicheren. Bestëmmung, Sensibiliséierung an Ekologie vu Wëllbeien Op engem méisproochege Website kënne Fuerscher an och Privatleit unhand vu véier Bibliothéiken op fräi zougänglech Informatiounen zougräifen:
1. Eng Datebank vu qualitativ héichwäertege Biller vu liewege Beien an och vu Muséesexemplairen
2. Ee bibliographeschen Index vun all de relevanten nationale Publikatiounen.
3. E Pilotprojet vun engem Polleninventar, deen déi potenziell ekologesch Interaktiounen tëscht lokale Wiertsplanzen an den domat a Verbindung stoende bestëbsende Wëllbeien erfuersche soll.
4. Eng Referenzbibliothéik mat DNA-Barcodes vu Wëllbeienaarten zu Lëtzebuerg, fir déi aktuell nach Referenzmaterial feelt. D’Informatioune wäerte souwuel fir Fuerscher wéi och fir d’Allgemengheet fräi zougänglech sinn, wat et erlaabt, wëssenschaftlech Erkenntnisser engem méi breede Publikum méi no ze bréngen an d’Bewosstsi fir d’Biodiversitéit vun de Bestëbser op nationalem Niveau ze erhéijen. --- De Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg ass gläichzäiteg ee Kultur- a Fuerschungsinstitut. Deementspriechend fuerscht de „Centre de recherche scientifique“ vum Musée an alle Beräicher vum natierleche Patrimoine an dréit zu sengem Erhalt bäi – virun allem an de Beräicher vun der Bio- an der Geodiversitéit.

Fondation_Faune_Flore_Beekey_3.jpeg

De Lëtzebuerger Schwiefmécken-Atlas

Schwiefmécke si wichteg Bestëbser, déi e grousse Bäitrag zu der Planzendiversitéit an der landwirtschaftlecher Produktioun leeschten, mee hir Bevëlkerung ass réckgängeg. Trotz hirer enormer Wichtegkeet fir d’Erhalung vun der Biodiversitéit an der Liewensmëttelsécherheet sinn d’Schwiefmécken nëmme ganz wéineg erfuerscht. Zu Lëtzebuerg, engem vun den am meeschten urbaniséierte Länner vun der Welt, ass dës bedeitend Fuerschungslück nach méi problematesch. Wéinst dem Bevëlkerungswuesstem wäerten déi zukünfteg Verännerungen an der Landnotzung fir nei Infrastrukturen an urban Entwécklunge warscheinlech enorm sinn. Aus dësem Grond besteet en dringend Bedürfnis, fir d’Diversitéit an d’Verdeelung vun de Schwiefmécken ze dokumentéieren, fir hir funktionell Roll an der Produktioun vu wichtegen Déngschtleeschtungen am Ekosystem ze schützen. Zoologesch Fuerscher, déi mat der Fondation Faune Flore an dem Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg zesummeschaffen, hu sech d’Zil gesat, e Lëtzebuerger Schwiefmécken-Atlas auszeschaffen. Dësen Atlas dréit dozou bäi, besser ze verstoen, wéi Stéierfaktoren an der Landschaft d’Dynamik vun hire Populatioune beaflossen an hëlleft schlussendlech dobäi, zukünfteg Erhalungsprojeten a Roud Lëschten opzestellen. Heifir wäerte verschidden Equippen um Terrain mat Netzer a spezielle Falen, déi Schwiefmécken unzéien, Exemplairen afänken. Si wäerten de gesamten Territoire vu Lëtzebuerg e puer Mol an iwwer e puer Joer ewech erfuerschen. All déi gesammelt Donnéeë gi souwuel den nationale wéi och internationale Naturschutzacteuren zur Verfügung gestallt a parallel zur Verëffentlechung vum Atlas ausgewäert. --- De Musée national d’histoire naturelle du Luxembourg ass gläichzäiteg ee Kultur- a Fuerschungsinstitut. Deementspriechend fuerscht de „Centre de recherche scientifique“ vum Musée an alle Beräicher vum natierleche Patrimoine an dréit zu sengem Erhalt bäi – virun allem an de Beräicher vun der Bio- an der Geodiversitéit.

Sensibilisierung durch Bestimmung©Julien Reiners.JPG

natur&ëmwelt

Bestëbser – méi wéi Beien

Fir de Liewensraum vun de Bestëbserinsekten zu Lëtzebuerg ze schützen an d‘Wëssen ze erweideren, hunn déi erfuere Projetspartnere vun natur&ëmwelt, Fondation Hëllef fir d’Natur an der natur&ëmwelt ASBL e gemeinsamt Projetskonzept ausgeschafft: Duerch Opklärung an unhand vu praktesche Beispiller ginn dank der Ëmsetzung vu Moossnamen nei Liewensraim geschaf an déi besteeënd Liewensraim erhalen. Hei gëtt besonnesch vill Wäert op d’Relevanz vun de Bestëbser geluecht an dorobber, wéi dringend et ass, se ze schützen.

Leur offre s’articule autour de trois axes et vise différents partenaires dans le domaine de l’enseignement et de l’éducation, des entreprises, des communes ainsi que les particuliers. Elle englobe donc aussi bien les espaces de vie urbains que ruraux. Même sur les surfaces les plus petites, il est possible de mettre en œuvre des mesures utiles et efficaces pour créer des espaces de vie et pour transmettre des informations. Dans ce contexte, nous insistons sur l’importance de la connectivité des habitats. Le « réseau de guêpes » s’établit sur la base d’un projet de conseil sur les guêpes déjà lancé par la natur&ëmwelt ASBL. Les années d’expérience dans le domaine des conseils sur les guêpes ont montré que la demande de conseils au Luxembourg est bien plus importante que ce qu’un seul centre de conseil peut offrir. Chaque conseil réussi signifie la préservation d’un nid de guêpes et permet d’éviter l’utilisation de pesticides. Le sous-projet « Nichoirs et jardins favorables aux pollinisateurs » a pour objectif de créer de nouveaux habitats et de transmettre des connaissances sur ces réalisations concrètes. À travers des ateliers et des échanges directs avec des éducateurs, des entreprises, des municipalités et des particuliers, on construit des nichoirs tout en promouvant la biodiversité. Grâce à des conseils de jardinage individuels, tant dans les zones urbaines que rurales, on vise à créer des jardins favorables aux pollinisateurs afin de lutter contre le déclin de la diversité des insectes au Luxembourg. Le volet « cours de détermination » vise à améliorer les connaissances de la population sur les insectes et sur les pollinisateurs en particulier. L’objectif est de sensibiliser les gens aux insectes et à leur rôle important dans les écosystèmes en partageant des connaissances à leur sujet.

Bestëbser – méi wëssen

Fir d‘Wëssen zu de Bestëbser bei der Bevëlkerung ze stäerken an d’Insektenexperte vu muer erun ze zéien, hunn d’Projetspartner vun natur&ëmwelt, Fondation Hëllef fir d’Natur an der natur&ëmwelt ASBL e gemeinsamen edukative Projet ausgeschafft. Am Kader vun dësem Projet ginn, komplementar zum Projet “Bestëbser, méi wéi Beien”, zousätzlech Bestëmmungscoursen ugebueden. Ausserdeem ginn zwou Publikatiounen eraus bruecht: E Päiperlek-Bestëmmungsschlëssel fir d’Päiperleke vu Lëtzebuerg an e Pixi-Buch zum Thema Harespelen. Begleedend zum Pixi-Buch gëtt pedagogescht Material ausgeschafft mat deem d‘Enseignanten eng Schoulstonn ronderëm d’Pixi-Buch kënne gestalten. Duerch dëst Wësse soll d’Bewosstsi fir d’Insekten an och fir hir Déngschter an eisen Ekosystemer gefërdert ginn.

Naturparken

D’Naturparken zu Lëtzebuerg – een Insekteräich

Regioune mat enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft – dat sinn déi dräi Lëtzebuerger Naturparken. Am Mëttelpunkt vun der Naturpark-Iddi stinn d’Mënschen. Eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit an déi nohalteg Entwécklung vun der Regioun spillen dobäi eng bedeitend Roll. D’Ëmsetzunge fannen dowéinst net just AN, mee och MAT der Regioun statt.
 

De Projet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg – een Insekteräich“ gouf 2020 vum Naturpark Our an d’Liewe geruff. 2021 sinn den Naturpark Öewersauer an den Natur- & Geopark Mëllerdall dobäi komm. D’Zil vum Projet ass et, Insekteschutz a verschiddene Beräicher ze bedreiwen. Dat soll souwuel duerch Sensibiliséierung wéi och duerch eng konkret Ëmsetzung vu Moossnamen um Terrain gemaach ginn. De Projet ass op verschidden Acteuren ugepasst: ëffentlech Träger, Bevëlkerung, privat Betriber a Landwirtschaft.
 

Insekteraich_4_Betrieb_(c)_Golf_de_Clervaux.jpg

Regioune mat enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft – dat sinn déi dräi Lëtzebuerger Naturparken. Am Mëttelpunkt vun der Naturpark-Iddi stinn d’Mënschen. Eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit an déi nohalteg Entwécklung vun der Regioun spillen dobäi eng bedeitend Roll. D’Ëmsetzunge fannen dowéinst net just AN, mee och MAT der Regioun statt. De Projet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg – een Insekteräich“ gouf 2020 vum Naturpark Our an d’Liewe geruff. 2021 sinn den Naturpark Öewersauer an den Natur- & Geopark Mëllerdall dobäi komm. D’Zil vum Projet ass et, Insekteschutz a verschiddene Beräicher ze bedreiwen. Dat soll souwuel duerch Sensibiliséierung wéi och duerch eng konkret Ëmsetzung vu Moossnamen um Terrain gemaach ginn. De Projet ass op verschidden Acteuren ugepasst: ëffentlech Träger, Bevëlkerung, privat Betriber a Landwirtschaft. Zu de Moossnamen op de Gemengen- oder Staatsfläche gehéiert d’Opwäerte vun de sougenannten „Eh da-Flächen“. Dat si Flächen, op deenen et net ëmmer eng erkennbar Notzung gëtt, an déi dofir kéinte genotzt ginn, fir d’Biodiversitéit ze fërderen. A Formatioune léieren déi technesch Servicer, wéi esou Flächen insektefrëndlech ënnerhale kënne ginn. Duerch eng Wanderausstellung an Atelieren iwwer d’Uleeë vu Blummewisen oder d’Bastele vu Wëllbeien-Nisthëllefe gëtt d’Bevëlkerung informéiert an encouragéiert, sech fir den Insekteschutz anzesetzen. Iwwert e Concours kënne Privatpersoune Gaardenëmgestaltunge gewannen, wat weise soll, dass insektefrëndlech Gäert och ästhetesch kënne sinn. Fläche vu privaten Entreprisë kënnen als Pilotprojet a Beispillsfunktioun déngen, fir ze weise wéi kommerziell Beräicher insektefrëndlech kënne gestalt ginn. Heimat gi Betriber dobäi ënnerstëtzt hir Flächen nohalteg ze bewirtschaften. Well e groussen Deel vu Lëtzebuerg aus landwirtschaftleche Fläche besteet, soll och hei den Insekteschutz berécksiichtegt ginn. E Katalog vu sechs verschidde bezuelte Moossname fir landwirtschaftlech Fläche gouf opgestallt: „Beetle Banks“, „Blühende Sträucher“, „Altgrasstreifen“, „Wildenergiepflanzen-Anbau“, „Mais-Stangenbohnen-Gemenge“ an „Totholzhaufen“. Op verschidde Fläche gëtt eng Evaluatioun gemaach fir de Fortschrëtt vun de Moossnamen ze analyséieren. Weider Informatiounen iwwer de Projet, Aktiounen, Tipps fir selwer aktiv ze ginn an allgemeng Informatiounen iwwer Insekte ginn et op www.insekten.lu

Bettembourg (c) Sicona.JPG

SICONA

Protection, conservation et gestion des pollinisateurs et de leurs habitats sur terrains communaux dans le sud-ouest et le centre du Grand-Duché de Luxembourg (2023-2027)

De Projet „Protection, Conservation et Management des pollinisateurs et de leurs habitats sur terrains communaux dans le sud-ouest et le centre du Grand-Duché de Luxembourg“ (Schutz, Erhalung a Gestioun vun de bestëbsenden Insekten an hirem Liewensraum op kommunale Flächen am Süden an am Zentrum vum Groussherzogtum Lëtzebuerg) gëtt vun den interkommunalen Naturschutzsyndikater SICONA Centre a SICONA Sud-Ouest mat hiren 42 Member-Gemengen ëmgesat. Dank hirem zertifiéierte multidisziplinären Team, deem säi Schwéierpunkt op de Servicer vun der Organisatioun, der Technik, der Wëssenschaft an der Pädagogik läit, huet de SICONA-Syndikat déi néideg Qualifikatiounen, fir e Projet vun dëser Gréisstenuerdnung ëmzesetzen.

De Projet ëmfaasst: - d’Schafe vun naturnoe Gréngflächen innerhalb vum Siidlungsraum op enger Gesamtfläch vu fënnef Hektar am Laf vum Projet. Dozou gehéiert zum Beispill d‘Uleeë vu Blummenwise mat eenheemeschem Som op ëffentlech Flächen an Zesummenaarbecht mat de verantwortleche Gemengeservicer. Donieft ginn och standuertspezifesch, gëeegent Niststrukture fir Bestëbser an aner Insekten opgeriicht, wéi z.B. doudegt Holz, Sand- oder Steekéip. - eng geziilten Uplanzung oder Aussaat vu seelenen, awer fréier typeschen Aarten, extensiv Wisen, fir d’Qualitéit vun de verbleiwende Biotopen an der Gréngzon ze steigeren a fir d’Qualitéit vun de Bléihenze erhéijen, virun allem fir déi spezialiséiert oder seele Bestëbseraarten. Dës Planze ginn aus eenheemesche Some geziicht a ginn ëmmer gruppeweis geplanzt, fir d’Etabléierung vun der Aart an der Gréngzon ze erliichteren. Et sollen op d’mannst 5.000 Exemplairë geplanzt ginn a 50 Usiidlungsfënsteren ageriicht ginn. - d’Formatioun vun de kommunale Servicer (Service Technique an/oder Gaardendéngschter) am Hibléck op eng adequat Beplanzung vun de Stroosseränner a kommunale Gréngflächen. - d’Formatioun vu private Gäertnereibetriber am Hibléck op d’Ëmsetzung an d’Gestioun vun naturnoe Projeten. D’Demande vu Leit mat privaten Terraine klëmmt ëmmer weider, mee déi wéinegst Privatleit hunn deen néidegen Know-how an dat néidegt Handwierksgeschier, fir hir Gréngflächen an Terrainen ze gestalten. D’Fortbildung vum Gäertnerpersonal ass also e Schlësselelement fir d’Fërderung vu bestëbserfrëndleche Liewensraim op de Privatgrondstécker an eise Siedlungsraim.

Commune de Bettembourg

De Projet gëtt ëmgesat vun der Gemeng Beetebuerg an enker Zesummenaarbecht mam „Parc Merveilleux Bettembourg“ an der „natur&ëmwelt ASBL“.

 

Am Parc Merveilleux zu Beetebuerg gëtt op enger Fläch vun 800 m2 en Themewee „Bestëbser“ ugeluecht, wou ënner anerem Informatiounspanneauen, Spillelementer an e Beienhaischen opgeriicht ginn.

 

Sämtlech Informatioune ginn an einfacher Sprooch op Franséisch an Däitsch kommunizéiert, woubäi d’Zilpublikum Kanner zwëschent 9 an 12 Joer ëmfaasst.
 

Am Iessberäich vum Park gi Schëlder opgestallt, déi virun allem de Kanner mee och den Erwuessenen dat richtegt Verhale géigeniwwer der Harespel mat Hëllef vu Biller duerstellen.

 

Ronderëm de groussen Iessberäich am Park gëtt och eng Oflenkfidderung en place gesat, fir datt d’Harespelen an der Héichsaison manner staark d’Iesse vun de Visiteuren ufléien an esou beschtefalls och manner Konfliktsituatiounen entstinn.

Commune_ de_Bettembour_Workshop.jpeg

An der Gemeng Beetebuerg selwer ginn och op 5 verschiddene Plazen Insekten- resp. Wëllbeienhoteler opgeriicht. Hei ginn och Informatiounspanneauen installéiert an et ass e Monitoring iwwert eng Dauer vu 4 Joer virgesinn.   Fir d’Kanner aus de SEAën an/oder den interesséierte Schoulklasse gëtt e spezifesche Workshop mam Thema „D’Harespelen: Eis schwarz-giel Superhelden“ ausgeschafft, wou virun allem d’Ënnerscheeder an den Notze vun den Harespelen an de Bestëbser am Allgemengen am Fokus stinn. Hei gëtt och e Beobachtungsstand opgeriicht, wou d’Kanner aus enger sécherer Distanz e liewegt Harespelsnascht vun noem bewonnere kënnen.   D’Haaptobjektiver vun dësem Projet an deene verschiddenen Ëmsetzunge sinn: mat de Virurteeler géigeniwwer de Bestëbser an hei besonnesch den Harespelen opraumen d’Koexistenz zwëschent den Harespelen an dem Mënsch ze verbesseren an z’erliichteren en onnëtzt Eliminéieren (Doutmaachen) vun de Bestëbser duerch den Asaz vun Insektiziden z’evitéiere resp. op en absolutte Minimum ze reduzéieren am Allgemengen d’Wichtegkeet vun all de Bestëbser ze stäerken an ze fërderen

Liewensräim fir Bestëbser an der Gemeng Beetebuerg

LIST

D’Iwwerwaachung vun de Wëllbestëbser zu Lëtzebuerg gëtt vum „Biodiversity Monitoring & Assessment“ -Team vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) iwwer den nationale Programm „Luxembourg Pollinator Monitoring Scheme“ (LUPoMS) koordinéiert. Dëse Programm, dee sech virun allem op de järleche Suivi vu Päiperleken, Wëllbeien, Bommelen a Schwiefmécke konzentréiert, gëtt a Moment gréisstendeels vu Professionellen duerchgefouert, mee trëfft awer ëmmer méi op den Interessi vun der Allgemengheet. An de leschte Joren hunn eng ganz Rei Bierger sech bereet erkläert matzemaachen, andeems si fräiwëlleg Feldobservatiounen no der Method, déi am LUPoMS-Programm entwéckelt gouf, duerchgefouert hunn. Mam CITIPOL-Projet (Intégration des citoyens dans le programme de surveillance des pollinisateurs sauvage au Luxembourg/Integratioun vun de Bierger an de Wëllbestëbser-Iwwerwaachungsprogramm zu Lëtzebuerg) wëll de LIST op de wuessenden Interessi vun de Bierger reagéieren, andeems en e System vun der partizipativer Wëssenschaft am Häerz vum LUPoMS integréiert.

CITIPOL_Copyright LIST.jpeg

D’Bierger, déi un dësem System deelhuelen, ginn an der Bestëmmung vun de Bestëbser ausgebilt a fir hire Schutz sensibiliséiert, a ginn ausserdeem reegelméisseg iwwer d’Resultater vum LUPoMS-Iwwerwaachungsprogramm informéiert. De CITIPOL-Projet gesäit vir (1.) d’Bierger duerch d’Schafung vun theoreteschen a praktesche Coursen an der Bestëmmung an an der Iwwerwaachung vun Bestëbserinsekten auszebilden, (2.) fräiwëlleg Bierger an dësem System vun der partizipativer Wëssenschaft ze involvéieren, andeems se individuell an alle prakteschen Aspekter vun der Sammlung vu Feldobservatiounen an der Datenagab geschoult ginn, bis hin zu hirer vollkommener Autonomie am LUPoMS-Programm, an (3.) den Engagement vun de Fräiwëllegen am LUPoMS-Programm oprecht ze erhalen, andeems de Reseau vu Fräiwëllegen duerch pädagogesch a sozial Aktivitéite ronderëm d’Resultater vun dësem Programm belieft gëtt. D’Involvéierung vu fräiwëllege Bierger am LUPoMS wäert déi geografesch Ofdeckung vun de gesammelten Donnéeën an d’Robustheet vun de Stéchprouwe verbesseren, déi fir d’Schätzung vu laangfristegen, nationale Verännerungen an de Bestëbserpopulatiounen erfuerderlech sinn.

CITIPOL

LIST_DESPOT_picture-s.JPG

Wëll Bestëbsergemeinschafte sinn duerch verschidde Faktoren ënner Drock geroden, z.B. duerch de Verloscht vu Blummeressourcen, d’Intensivéierung vun der Landwirtschaft, d’Benotzung vu Pestiziden an esou weider. An der Literatur gëtt ausserdeem déi potenziell Konkurrenz tëscht der kommerzieller Imkerei a wëlle Bestëbser (Solitärbeien, Bommelen an anerer) diskutéiert. Wärend Lëtzebuerg eng wuessend Unzuel vun Imkeren a Beienhaiser mellt, gëtt et keng Informatiounen iwwer den Impakt vun Hunnegbeien op d’Gesondheet vu wëlle Bestëbser an Natura-2000-Schutzgebidder. Am Kader vun DESPOT, wäerten den Dr. De Matteo Ripamonti (PI) a seng Equipe vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) d’Heefegkeet an d’Virulenz vum „Deformed wing virus“ (DWV) Typ A an Typ B wéi och vum „Sacbrood Virus“ (SBV), deen d’Sackbrut-Krankheet verursaacht, bei verschiddenen Indikatoraarten vu wëlle Bestëbser a sechs Schutzgebidder bewäerten. D’Resultater ginn da mat der Verbreedung vum Virus bei Hunnegbeie (Apis mellifera) verglach, déi aus Beiestäck an der Ëmgéigend vun dëse Gebidder stamen.

D’Bewäertung vun den Hunnegbeien a Wëllbestëbser gëtt an enker Zesummenaarbecht mat der Fondation Faune-Flore (FFF), dem Musée National d’Histoire Naturelle (MNHN) an der Fédération des Unions d’Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg (FUAL) tëscht 2024 an 2026 duerchgefouert. Duerch den Asaz vun der digitaler Tröpfchen-PCR oder „Droplet Digital PCR“  (ddPCR) an de LIST-Laboratoirë wäert DESPOT souguer déi geréngste Mierkmaler vu verschiddene Krankheetserreegere präzis detektéieren a quantifizéieren. Duerch d’Behandlung vun 11 vun den 21 Aktioune vun den dräi Piliere vum „Plan national d’actions pour la préservation des insectes pollinisateurs“, wäerten d’Resultater den Interessevertrieder dobäi hëllefen, d’Auswierkunge vun der kommerzieller Beienzuucht op d’Gesondheet vun de wëlle Bestëbser ze validéieren an d’Moossnamen unzepasse fir en equilibréiert Zesummeliewen ze garantéieren an den Naturschutz ze optimiséieren. Am Fall vu potenziellen Auswierkunge vun der kommerzieller Beienzuucht an der Géigend vu Schutzgebidder kënnen an enker Zesummenaarbecht tëscht dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Fédération des Unions d’Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg (FUAL) Richtlinnen ausgeschafft ginn. Zousätzlech kënnen d’Resultater an d’„Richtlinne fir déi sënnvoll Usiidlung vu Beienhaiser“ integréiert ginn, déi vum FUAL entwéckelt solle ginn, fir negativ Interaktiounen am Zesummeliewe vun Hunnegbeien a wëlle Bestëbser ze vermeiden.

DESPOT

Crédits photographiques:

Photo 1: ©ANF

Photo 2: ©CELL

Photo 3: ©EBL

Photo 4: ©Leo Nelson

Photo 5: ©Julien Reiners

Photo 6: ©Golf de Clerveaux

Photo 7: ©SICONA

bottom of page