top of page
bb_header3.png

Déi faszinéierend Welt vun de Beien – fir Familljen

bb6 copy.png

Sonndeg den 1. Juni, vun 09.00 bis 12.00 Auer 
CNF A Wiewesch, 12, Syrdallstrooss, Manternach

Taucht mat eis an di spannend Welt vun de Beien an! Zesumme mat enger Imkerin kucke mir an de Beiestack – mat engem Imkerkostüm ass dat eng sécher an eenzegaarteg Erfarung. Dir léiert d’Liewen an d’Aarbecht vun de Beie kennen an entdeckt, firwat si esou wichteg fir d’Natur sinn.

Ob mir deen Dag och Hunneg schleidere kënnen, hänkt vun der Saison of – loosst iech iwwerraschen!
 

Infos

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png

Eng flott Aktivitéit fir Grouss a Kleng –
fir Famillje mat Kanner ab 6 Joer.
D’Plazen si limitéiert.

 

Sprooch: Lëtzebuergesch
Umeldung bis den 01.06.
Noosten Arrêt:  Manternach, Gare

Organisatioun: CNF A Wiewesch

CNF A Wiewesch (www.environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/centres-d_accueil/a-wiewesch.html)

Kontakt: Laurence Duhr, 24 75 65 03,

awiewesch@anf.etat.lu

bb_insect.png
bb_footer2.png
bottom of page