top of page
bb_header3.png

BeeDays am Dreamland

bb6 copy.png

Donneschdeg, 11.06 – Sonndeg, 14.06
Dreamland Creative Space, 9 Grand-Rue, L-9530 Wooltz

Während de BeeDays am Dreamland ginn et verschidde Aktivitéiten zum Thema Insekten an naturno Gärtneren.

• 11.06 14:00–17:00 Op de Spuere vun de Bestëbser Bei dësem Entdecker-Nomëtteg begi mir eis zesummen op eng spannend Rees an déi faszinéierend Welt vun de Bestëbserinsekten am urbane Raum. D’Kanner léieren op spilleresch Aart a Weis, wéi d’Bestëbser funktionéieren an wéi vill verschidde Bestëbser et ginn. Beim Bau vun engem „Insektenhotel“ an der Hierstellung vun enger „Seedbomb“ kënnen si hiert handwierklecht Kënnen testen an dobäi léieren, wat dobäi wichteg ass.

• 13.06 09:00–12:00 Insekten als Modell Léiert mat der naturbegeeschterter Fotografin Caroline Martin einfach Tricken a Techniken, fir Är Fotoe besser ze gestalten. Eng Reflex- oder Systemkamera mat engem gudden Objetiv ass sécherlech en Avantag, mee och mat enger einfacher Kompaktkamera kann een exzellent Fotoe maachen… wann een weess wéi.

• 13.06 14:00–17:00 Naturno Gestaltung Naturno Gartengestaltung ouni invasiv Aarten. De Workshop vermëttelt d’Grondlage vun den Auswierkunge vun invasive Planzen a weist Méiglechkeeten, hir Ausbreedung ze reduzéieren. Dir léiert heemesch Alternativen kennen, déi ekologesch wäertvoll sinn, a kritt Hiweiser fir eng fachgerecht Entsuergung vum Gréngoffall. Zesumme gestalte mir eng Fläch naturno a setzen d’Theorie an d’Praxis ëm.

• 14.06 14:00–17:00 De Käferen op der Spur Zesumme mam Käfer-Spezialist Carlo Braunert begi mir eis op eng spannend Entdeckungsrees an d’Welt vun de Käferen. Kleng a Grouss léieren d’Villfalt vun de Käferen op spilleresch Aart a Weis kennen. Bei der Hierstellung vun enger „Seedbomb“ kënnen d’Participanten hiert handwierklecht Kënnen testen an dobäi léieren, wat dobäi wichteg ass.

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png

Infos

Nächst Haltestell: WILTZ, Clinique

Organisateur(en): Naturpark Öewersauer (www.naturpark-sure.lu), Dreamland Creative Space

Kontakt: Catherine Theisen, 89 93 31-1, info@naturpark-sure.lu

bb_insect.png
bb_footer2.png
bottom of page