top of page
bb_header3.png
bb_insect.png

Planzt méi Blummen,
Sträich a Beem

Planzt méi Blummen, Sträich a Beem, fir d‘ganzt Joer iwwer Nektar a Pollen als Fudder fir Beien an aner Bestëbser unzebidden. Zum Beispill Weeden, Primmelen a Krokussen am Fréijoer; Lavendel, Wise-Stuerkeschniewel a Margréidercher am Summer; Wantergréng a Borretsch am Hierscht, oder Moukeprabbeli (Petasites) a Chrëschtrous (Helleborus) am Wanter.

Mir brauchen einfach méi Pollen- an Nektar-räich Planzen an eise Gäert, op de Balconen, op de Bauerenhäff an an der Landschaft ronderëm eis Haiser an an eise Stied a Gemengen.

E puer Prinzippien 

Et ginn e puer einfache Reegele, wéi eng Blummen, Sträich a Beem ee fir d’Bestëbserinsekte soll planzen.

 

Et ass wichteg datt Dir eng breet Palett vu Planzen wuesse loosst, an se esou auswielt datt d‘Blummen Pollen a Nektar zu all Zäit vum Joer ubidden. Dëst hëlleft esou ville Bestëbser wéi méiglech. 

 

Wëll Planzen wéi Natternkopf, Schwaarzwuerzel a Vogelmiere sinn ganz beléift bei Insekten.

 

Envisagéiert fir Blummen mat ongefëllte Bléien ze setzen, amplaz vu gefëllten, well se méi Pollen an Nektar ubidden. Frot am Gaardenzenter no pestizidfräi kultivéierte Planzen, well d'Gëfter, déi an der Produktioun benotzt ginn, spéider am Pollen fonnt ginn.

 

Wann Dir Wëllblumme-Som ausséint oder eng Wëllblummewiss uleet fir d’Bestëbserinsekten z'ënnerstëtzen, dann huelt d'Somen vu Blummen déi vun hei heem sinn. Méi Informatioun fannt Dir hei.  

 

Bauere kréie finanziell Ënnerstëtzung am Ëmweltprogramm vun der Gemeinsamer Agrarpolitik fir den Ubau vu Nektar- a Pollen-räiche Kulturen fir d’Bestëbser. 

Wéi eng Planzen a fir wéini?

Hei ass eng kleng Auswiel u Planzen, déi Fudder fir d‘Insekten an den dräi Haaptbléiperioden vum Joer ubidden.

Februar/Mäerz bis Mee:

Vill Bestëbserinsekte brauche schnell Nektar wann si aus dem Wanterschlof erwächen. Beispiller vu gudde Planzen fir dës Zäit sinn Weiden, Hieselter, Pissblumm, Schléiwen, Wäissdar, an e puer Uebstbeem wéi Äppel, Biren a Prommen. Fréi Gaardeblumme sinn Aubretien, Mauerblimmchen, Heed, Krokus, Primmelen a Kréischelen.

Juni bis Mëtt Juli:

An dëser Zäit sinn déi meescht Bestëbserinsekten ënnerwee a sichen aktiv no Fudder an Energie, si sammelen och Pollen als Protein-Quell fir déi nächst Generatioun. Et ass och d'Zäit vum Joer wou déi meescht Blumme bléien. An der Natur bléie Kléi, Fangerhutt, Beienhittchen, Wisen-Stuerkeschniewel, Dëschtelen, Karblumm a vill anerer. Hei e puer Beispiller vun insektefrëndleche Summergaardeplanzen: Teimerjännchen, Léiwemaul, Malwen, Lavendel oder Ochsena.

Enn Juli bis Oktober

Wa Bestëbserinsekten hir Energiereserven virum Wanterschlof mussen opfëllen, si vill manner Planzen do, wou si dës wichteg Ressource fir ze iwwerwanteren fannen. Gaardeplanzen, déi hei hëllefen, sinn Borretsch, Asteren, Sonnenhutt, Fettblad a Chrysanthemen, awer och Wantergréng oder Efeu ass eng ganz wichteg Nektar-Quell.

bb_footer2.png
bottom of page