top of page
bb_header3.png
bb_insect.png

Vergëft d'Natur net

Am Private sollt Dir chemesch Pestiziden komplett ewech loossen. Et gi biologesch Alternativen déi net gëfteg fir d‘Bestëbserinsekte sinn. An der grousser Majoritéit vu Fäll gëtt am Privaten just en optesche Problem bekämpft, an hei musse mir e wéineg Toleranz üben, wa mir d'Insekte net wëllen ëmbréngen.

 

Am beruffleche Beräich sollt Dir iwwerleeën, wéi eng Methoden fir Är Situatioun gëeegent sinn an nëmmen Pestiziden benotzen wann et absolut néideg ass. Setzt den Accent op den Integréierte Planzeschutz, a kuckt ob et méiglech wär op d'Biolandwirtschaft ze wiesselen.

Privat Gäertner a Klenggäertner

Benotzt keng Pestiziden a benotzt net-chemesch Alternativen. Vermeit och den Asaz vu net-chemesche Pestiziden bei Bléieplanzen, wou Bestëbser aktiv sinn oder e Nascht hunn. Dir kënnt Är Planze schützen andeems dir Schädlingen mat der Hand ewech huelt oder andeems dir Barrièren ronderëm vulnerabel Planzen ubréngt, z.B. Netzer; oder andeems dir eng Mëschkultur maacht fir Insekten a Pilzer ofzewieren.

Baueren, Gäertner a Verwalter vu grousse Flächen

Fir eng equilibréiert Approche bei der Schädlingsbekämpfung a méi groussem Mooss sollt dir verstäerkt op den Integréierte Pflanzenschutz (IPM) setzen. Dir kënnt och d‘Bewirtschaftungsmethoden vum ökologesche Landbau consideréieren. 

Den Integréierte Planzenschutz ass eng Kombinatioun vu Methoden, bei deenen ënner haaptsächlecher Berécksiichtegung vu biologeschen, biotechnesche, planzenziichteresche an ubau- an kulturtechnesche Moossnamen d’Benotze vu Pestiziden op e méiglechst nidderege Niveau reduzéiert gëtt.

Fir eng Berodung am Integréierte Planzenschutz went iech un: https://www.lwk.lu/pflanzenbauberatung/beratungsangebot/pflanzenschutzberatung

Den ökologesche Landbau schränkt den Asaz vun Pestiziden an ënnerstëtzt den Asaz vu alternativen, net chemesche Methoden. Dozou gehéieren d’Rotatioun vun de Kulturen, d’Erhéijung vun der genetescher Vilfalt, d’Notze vu resistente Planzen an eng biologesch Schädlingsbekämpfung.

Weider Rotschléi zum ökologeschen Landbau fannt dir hei: https://ibla.lu/

bb_footer2.png
bottom of page