Aktioun Päiperlek - Maacht mat!
Freideg, 17. Mee bis Sonndeg, 9. Juni
Iwwerall zu Lëtzebuerg
Mat oppenen Aen duerch d’Natur spadséieren an de faarwege Päiperleken dobäi nokucken, wéi se ronderëm oder bei d’Blumme fléien, mécht richteg Spaass. Päiperleke fanne mir an eise Gäert, op Feldweeër, an de Wise souwéi an de Bëscher. Natierlech wëll een do och wëssen, wéi ee Päiperlek elo grad laanschtgeflunn ass. Aus dësem Grond gouf dës kleng Bestëmmungshëllef fir zéng heefeg a liicht erkennbar Päiperleken erstallt. Jiddereen, deen d’Natur entdecke geet, kann un der „Aktioun Päiperlek“ deelhuelen, sief et ënnerwee oder am eegene Gaart doheem. Wann Dir e Päiperlek beobacht hutt an e mat Hëllef vun dësem Flyer identifizéiert hutt, notéiert einfach an der iNaturalist-App, wou Dir e gesinn hutt.
Luet d’iNaturalist-App erof oder besicht
inaturalist.lu/projects/aktioun-paiperlek a kreéiert do e Kont. Maacht eng Foto, gitt de Standuert un an deelt Är Beobachtung.
Info
Organisatioun: SICONA & Natur Musée
Kontakt: Angie Sassel, 26 30 36 70, communication@sicona.lu