top of page
bb_header3.png
bb_insect.png

Méint d’Gras manner oft

Méint äre Wues manner oft, fir datt d’Planze bléie kënnen. Méint en Deel just 2 Mol am Joer (Enn Juni an am Wanter), sou entsteet ouni Opwand an Aarbecht mat der Zäit eng Wëllblummewiss.

 

Bléieplanzen vun heiheem am Wues, op de Ränner vun de Felder, um Randsträifen oder an enger geséinter Wëllblummewiss ënnerstëtzen eng Vielfalt vu Bestëbserinsekten, andeems se Nektar- a Pollequellen oder Brutplaz sinn, a Blieder fir d’Raupen ubidden. Dofir ass et wichteg de Soin vun dëse Plazen richteg ze maachen.

E puer Prinzippien

Bléieplanzen vun heiheem am Wues, op de Borde vum Feld, um Randsträifen oder an enger geséinter Wëllblummewiss ënnerstëtzen eng Vielfalt vu Bestëbserinsekten, andeems se Nektar- a Pollequellen oder Brutplaz sinn, a Blieder fir d’Raupen ubidden. 

Dofir ass et wichteg den Entretien vun dëse Plazen, besonnesch d’Méinen oder d’Beweeden richteg ze maachen, fir d‘Bedingungen fir Bestëbser ze optiméieren.

Op enger Weed oder an engem Wues kënne Wëllblummenaarten e puer Joer brauchen, bis datt se erëm zeréckkommen. Wann dir also domadder ufänkt manner ze méinen oder manner intensiv ze beweeden, de musst dir Gedold an e bëssen Ausdauer hunn.

Wann dir d’Méinen vum Wues (um privaten oder ëffentlechen Terrain, op de Randsträife vun der Strooss an de Weeër, an de Parkanlagen, etc) no hanne réckelt, bis datt déi meescht Planzen geblitt hunn, da verlänger dir d‘Zäit, an där Nektar a Bléien fir d’Bestëbserinsekten zur Verfügung stinn. 

Eng Alternativ zu manner Méinen wär et, bestëmmte Beräicher oder Flecken am Wues iwwer déi ganz Saison wuessen ze loossen. 

Nei ugeséinte Wëllblumme-Mëschungen mussen am Ufank richteg gefleegt ginn, fir datt d’Blummen sech gutt etabléieren an d‘Dominanz vun de Grieser limitéiert gëtt. 

Instruktioune fannt Dir hei an der Brochure fir d’Gemengen an hei fir d’Privatleit.

bb_footer2.png
logo-min.png
bottom of page