top of page
bb_header3.png

D’Villfalt vun den Insekte kenne léieren (Die Vielfalt der Insekten kennen lernen)

bb6 copy.png

Sonndeg, 2. Juni, 9.30 - 11.30 Auer
CN32/38, cité Aline Mayrisch, L-7268 Bereldeng

Am Kader vun dëser Aktivitéit komme mir der Welt vun den Insekte méi no a sichen nieft de Weeër geziilt no hinnen. Ausgerüst mat engem Päiperleksnetz an enger Becherlupp, bestëmme mir alles, wat mir op der Plaz fannen. Op dës Manéier kritt een en Abléck an déi grouss Diversitéit vun Insekten a léiert déi verschidde Gruppen op eng entspaanten Aart a Weis vuneneen z’ënnerscheeden. Och de Problem vum Insekteschwund gëtt ugeschwat an et kritt een Informatiounen doriwwer, wéi een dem Problem entgéintwierke kann.

Sprooch: Lëtzebuergesch. Umelle bis: 29.05.2024

Infos

276136388_1595996907441379_4688617224144985298_n.png

Noosten Arrêt: Bereldange, Police

Organisatioun: Gemeng Walfer, SICONA

Kontakt: Lynn Duchamp, 33 01 44 211, ecologie@walfer.lu


bb_insect.png
bb_footer2.png
bottom of page