Workshop „Ee Bestëbserfrëndlechen Haus- oder Terrassegaart“ (Workshop „Ein Bestäuber-freundlicher Haus- oder Terrassen-Garten“)
Freideg, 31. Mee, 14.00 - 16.00 Auer
Lëntgen 7441
Egal ob s Du e groussen oder klenge Gaart, e Balcon oder eng Terrass hues – et gi vill Aart a Weise fir Beien, Päiperleken, Himmelsdéiercher an aner Insekten z’ënnerstëtzen. Fann eraus wéi s Du schéi Blummen a Planzen ouni Pestizide kultivéiers, andeems Du se clever kombinéiers. Gëff den Insekten eng Plaz, wou si sech verstoppen an hiert Nascht baue kënnen. Gestalt däi Balcon oder deng Terrass insektefrëndlech – dat ass e wichtege Bäitrag zum Ëmweltschutz.
Dat kléngt interessant, mee du weess net wéi dat geet? Mir weisen dir et op eng einfach a praktesch Aart a Weis an dësem Workshop. Umelle bis: 30.05.2024
Infos
Noosten Arrêt: Gare Lëntgen
Organisatioun: Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl, Campagne Ouni Pestiziden
Kontakt: Adrien Flammang, 621 75 36 20, info@ebl.lu