top of page
Naturno Grénganlagen innerhalb vun Uertschaften (Naturnahe Grünanlagen Innerorts)
Samschdeg, 1. Juni, 9.30 - 11.30 Auer
Garnech, Parking Botterkräiz, 10 N 13, Parking Botterkräiz, L- 8354 Garnech
Naturno Grénganlage gestalten net nëmmen eis Stied an Dierfer méi attraktiv, mee bidden och e wichtege Liewensraum fir vill Déieren- a Planzenaarten. Besonnesch ëffentlech Gréngfläche bidden eng ideal Méiglechkeet fir d’Biodiversitéit ze fërderen. Op enger kuerzer Rondwanderung duerch Garnech gi verschidde Forme vun natierleche Grénganlagen innerhalb vun der Uertschaft presentéiert. Donieft ginn adaptéiert Fleeg- a Gestaltungsmoossnamen erkläert, wéi d’Gemengen, mee och Privatleit e wichtege Bäitrag zum Erhale vun der Liewensraum- a Aartevillfalt kënne leeschten. Sprooch: Lëtzebuergesch. Umelle bis: 31.05.2024
Infos
Noosten Arrêt: Garnich, am Brill
Organisatioun: SICONA (www.sicona.lu)
Kontakt: Angie Sassel, 26 30 36 70, communication@sicona.lu
bottom of page