top of page
bb_insect_hotel.png
bb_header3.png

Stéiert d’Insekten net an hirem Nascht oder hirer Iwwerwanterungsplaz 

Vermeit et fir Insekten déi nisten oder iwwerwanteren ze stéieren oder futti ze maachen, z. B. am Gras, op oppene Sandflächen, an Hecken, Beem, doudegem Holz oder Maueren. 

 

Et muss net just sécher gestallt ginn, datt dat ganzt Joer iwwer genuch Fudder fir d’Bestëbserinsekten do ass, mee och datt si a Sécherheet kënne nisten - a fir datt déi nächst Generatioun de Wanter iwwerlieft, fir d’Fréijoer drop kënne nei ze starten.

Déi eng Bommelen nisten ënnerierdesch an de Mauslächer, ënnert engem Schapp an am Kompost- oder Bliederkoup. Anerer bauen hiert Nascht iwwerierdesch am dichte Gras oder an de Beem. 

 

Déi vill verschidden Aarten vu Solitärbeien hu speziell Besoinen fir ze nisten. Déi eng Aarten bauen hiert Nascht am Wuess, anerer hu gären eng plakeg Plaz mat verdichtem Buedem, besonnesch an engem Hang no Süden, wou si vertikal Nisttunnelle gruewe kënnen.

 

Verschidde Solitärbeie nisten iwwerierdesch, an dir kënnt hinnen huel Stiller a Bengelen oder Holzklätz mat ënnerschiddlech grousse Lächer (2 mm bis 10 mm) ubidden, an esou eng Wëllbeie-„Nisthilfe“ bauen. Hänkt et op enger waarmer, sonneger a protegéierter Plaz op, 1-2 m iwwer dem Buedem. 

 

Wann dir méi iwwer Bommelen a Wëllbeie wëllt wëssen, da kuckt hei.

 

Wéi eng Wëllbeie-„Nisthilfe“ richteg ‚miwweléiert‘ gëtt, gesitt dir hei.

bb_footer2.png
bottom of page