top of page
bb_header3.png
bb_insect.png

Loosst d'Vegetatioun
méi wëll wuessen

Loosst op e puer Plazen Brennnesselen a Pissblumme wuessen, fir weider Fudderquellen (z. B. Blieder fir d‘Raupen) a Brutplaze fir Päiperléken ze schafen.

 

Als Landbewirtschafter a private Gäertner kënnt dir einfach Schrëtt ënnerhuelen, fir är Flächen, Gréngflächen a Gäert esou ze bewirtschaften, datt Fudderquellen an/oder Brutplaze fir Bestëbserinsekten ze fanne sinn. 

Baueren a Produzenten

  • Sicht a protegéiert onkultivéiert Plazen, z.B. bei Gebaier an Hecken oder bei Stroummasten; hei kënne Wëllblummen opbléien. Grieser an aner Planzen wéi Brennnessel, wëlle Knuewelek, Sauerampel an Huesefeisschen si wichteg Fudderplanzen fir d’Raupen vun eise Päiperleken.
     

  • Loosst d'ganzt Joer iwwer e puer Flecken vun ongeméintem Grasland als Brut- oder Iwwerwanterungsplaze fir wëll Beien.

Proprietären, Fierschter, Verwalter vu Grénganlagen,  Gemengen, Ponts&Chaussées, CFL, …

  • Sicht a protegéiert natierlech a naturno Flächen, fir datt Wëllblummen, Sträich a Beem wuesse kënnen, déi Brutplazen a Fudderquellen fir d’Bestëbserinsekte sinn.
     

  • Bewirtschaft d’Mëschbëscher esou, datt dir stoend Doudholz a Beem mat Hillechten erhaalt, ofgestuufte Bëschränner favoriséiert an d’Borde vun de Bëschweeër spéit an ofwiesselend méint. Päerdsbier, Wëllrousen an aner eenheemesch Wëllblummen sinn eng interessant Fudderquell fir d’Bestëbser-Insekten. 

Privat Gäertner

  • Wa méiglech, loosst e puer ongeméinte Flecke Gras mat laange Stiller stoen, an deenen d‘Insekten iwwerwantere kënnen.

  • Loosst d‘Stauden de Wanter ongeschnidden, well hir huel Stiller si Refuge fir Bestëbserinsekten oder bidden am nächste Joer eng Plaz fir ze nisten. Waart wéinstens bis spéit an de Mäerz mam Ofschneiden.

  • Loosst e bësse wëll Kréider an ärem Gaart wuessen, vläicht an engem Eck. Sidd frëndlech zu de Pissblummen, well si si scho fréi am Joer guttd Fudderquellen fir d’Bestëbserinsekten. Loosst d’Päiperléken hir Eeër op de Blieder vu Planzen wéi Brennnessel a Päerdsbier leeën, fir datt hir Raupen se friesse kënnen. 

  • Dëschtelen a Päerdsbier si gutt Fudderquellen fir d’Bestëbserinsekten.

bb_footer2.png
bottom of page